Schnuffenhellef ass erëm aktiv , a mir freeën eis Iech hëllefen ze dierfen.

Gäre kënnt dir mir awer och uruffen um

621134008 

oder eng mail iwwert: 

Hellef@schnuffenhellef.lu

 

NEIEGKEETEN 2020: 

Weiderbildungen sinn extrem wichteg, am Ufank vum Joer ech elo ee Wochendendsemiaire iwwert Hondstraining an  Social Walk, am Verhalensberäich,  an een anere Wochenendseminare handelt iwwert Doftmedezin, déi bei kierperleche an physeschen Problem bei Hond Kaz a Päerd kann agesat ginn. 

Elo an der Covid19 Zäit hunn ech dovunner profitéiert eng helle Wull Webinare ze participeieren. 

Verhalen a Gesondheet gehéiert natierlech zesummen, wollt awer probéieren déi zwou Saachen elo bësselchen méi getrennt unzebidden, obwuel dat eent mat deem aneren ëmmer kann iergendweich zesummenhänken.

Natierlech kann déi och keng Wonner vollbréngen, mä ënnerstëtzend ass et fir Gesondheet vun ären Déieren ganz sënnvoll.

SCHNUFFENVERHALEN A SCHNUFFENGESONDHEET:

Proposéiert Servicer fir all  Déieren   (Mupp, Kaz, Päerd, Nager, Notzdéieren asw.)

Bioresonanztherapie: Ongläichgewiicht vum Déier erkennen an erëm an Gläichgewiicht bréngen 

Kal Plasma Therapie: Uwennunge bei: Bëssverletzungen, Ekzemer/Hot Spot, Spondylose, Entzündung, Muskelentspanung, Schwellungen, Neuropatesch Schmierzen, Wonnen, Verätzungen/Verbrennungen, Krallebettentzündunge,  Speicheldrüsenentzündung

Phytotherapie a Mykotherapie: Kraiderheelkond  beschäftegt sech mat der Préventioun an der Behandlung vu Krankheeten. 

Faarfliichttherapie:  Faarfliichttherapie ass bekannt derfir, bei der Heelung vu kierperlecher a psychescher Erkrankungen ze hëllefen.

Bluddegeltherapie:  Bluddegele gi bei den Déiere fir  bei Schwellungen, Entzündungen, Gelenkerkrankungen (Dysplasien), Phlegmone, Bandscheifenvirfall, Kissing Spines asw. a beim Päerd kënnen se fir Houfrehe , Spat, Schuel, Summerekzem asw. agesat ginn. 

Homeopathie: Homeopathie ass eng Reiz a Regulatiounstherapie

Bachbléie a Schüsslersalze Berodung:  Bachbléien a Schüsslersalze Berodung: Bachbléie sinn hëllefräich bei Stressproblemer, a Schüsslersalze kënne gutt bei Gelenksproblemer agesat ginn. 

Kazeverhalenstherapie   ( Harnverhalen, Aggressioun, Angschtverhalen, Fokaliséieren asw.) 

Muppeverhalenstherapie  ( Harnverhalen, iwwerméisseg Billen, Angschtverhalen, Aggressioun, asw.) 

Muppenernierungsberodung: (Individuell erstallte Ernierungspläng fir Mupp, Fudderberodung)

Stierfbegleedung vun Déieren:  Hëllefen Iech iwwert déi schwéier Zäit ewech ze kommen.

Ech sinn Member vum FNT ( Fachverband niedergelasseneer Tierheilpraktiker).

 

 

 

Rechtlech Hiweise:

Eis Virschläi ersetze keng Veterinärsconsultatioun, just een agréeierte Vetrinär dierf een acte veterinaire ausféieren. Acte vétérinaire » : toute intervention matérielle et intellectuelle qui a pour objectif de diagnostiquer, traiter ou prévenir les maladies mentales ou physiques, les blessures, la douleur ou les malformations d’un animal, ou bien de déterminer l’état de santé et de bien-être d’un animal ou d’un groupe d’animaux, et notamment son statut physiologique, et qui comprend la prescription de médicaments vétérinaires ; toute intervention qui cause, ou peut potentiellement causer de la douleur ; toute intervention invasive; toute intervention vétérinaire dont l’activité est liée à la chaîne alimentaire ou animale et qui est susceptible d’affecter la santé publique ; la certification vétérinaire en rapport avec tous les critères cités précédemment